Zesumme feiere mir 175 Joer Porkierch vu Mäerzeg
Erlieft d'Geschicht vun der Kierch, vu senger Grënnung bis zum Bau vun hirem aktuelle Gebai.Zënter 1807 markéiert d’Porkierch vu Mäerzeg d’lokal Geschicht, mat enger renovéierter Kierch a staarkem Gemeinschaftsengagement.
Agenda 2025
E Joer voller Feieren fir Mäerzeg an seng 5 historesch EntitéitenD'Geschicht vun der Kierch zu Mäerzeg
Eng Geschicht vun Engagement, Aarbecht a Glawen
D'Grënnung vun der Por Mäerzeg gouf duerch keeserlecht Dekret vum 30. September 1807 an duerch bëschoflecht Dekret vum 15. Oktober 1808 sanktionéiert. Als éischte Paschtouer vun Mäerzeg gouf den Nikolaus Sinner, Kaploun vu Grosbous, ernannt.
D'Kierch zu Uewermäerzeg, an der Mëtt vum Kierch Haff, gouf Porkierch. Awer well Mäerzeg iwwer dausend Awunner hat, war dës Kierch ze kleng, an zousätzlech war se zënter Joren an engem desolaten Zoustand an baufälleg.
D'Oftrennung vu Mäerzeg huet dem Paschtouer vu Feelen vill Aarbecht bruecht. Hien hat genee Inventairë vun den Kierchenornementer a -gidder opgestallt. En Deel vun dëse Saache gouf tëscht 1811 an 1813 duerch notariell Akten un d'Kierchefabrik vu Mäerzeg iwwerdroen.
Een neit Paschtoueschhaus gouf gebaut, warscheinlech no dem d’ Aalt ëmgerappt gouf. 1834 gouf eng nei Klack fir d'Kapell vu Niddermäerzeg kaaft.
1842 gouf mat der Planifikatioun fir de Bau vun enger neier Porkierch ugefaangen. Et gouf de Gaart, deen um Kierch Haff grenzt, kaaft fir de Bau vun enger méi grouss Kierch direkt um Site ze erméiglechen. De 5. Abrëll 1844 huet de Conseil du Gouvernement d'Baugenehmegung erdeelt, ënnert der Konditioun, datt d’Gesamtkäschten d'Zomm vun 10.000 Florins net iwwerschreiden an d'Ausgaben am Verhältnis zur Awunnerzuel vun de Sektioune gedeckt solle ginn.
En éischte Plang, ausgeschafft vum Architekt Eberhardt, gouf verworf, well dësen net un d’Awunnerzuel ugepasst war. Eng Verlängerung vun der Kierch an duerno vum Kierch Haff konnt net mateneen vereinbar ginn, an esou gouf mat der Fuerderung vun de Bierger vu Niddermäerzeg decidéiert, déi nei Kierch tëscht deenen zwee Dierfer ze bauen. D'Baukäschten sollte gréisstendeels mam Verkaf vum Holz aus de Gemengebëscher gedeckt ginn. D’Bauplaz gouf de 14. Juni 1847 vum Architekt-Ingenieur Dagois aus Dikrech festgeluecht (eng Wis genannt "Mentgespesch" vum Nicolas Rausch vun Uewermäerzeg).
Den Devis vum Neibau war 47.000 Fr. Och wann de neie Bau an der selwechter Distanz vun deenen zwee Dierfer stoung, war de majestéitesche Bau am Duerfbild bal net erkennbar. Wéinst der déiwer an suppeger Lag huet de Bau zënterhier kontinuéierlech un der Fiichtegkeet gelidden.
D'Ausgaben goufen spéider sou opgedeelt:
- Mertzig 45.323.- Fr.,
- Michelbuch 2.599,55 Fr.
Wéinst der Distanz gouf den Undeel vu Michelbuch duerch eng staatlech Subventioun um hallef reduzéiert. Awer de Gemengerot muss ëmmer erëm d'Autoritéite froen, fir dass no Joren den Betrag vum Gemeng Vichten endlech bezuelt gouf.
Am Juni 1847 hu se mat den éischten Aarbechten ugefaangen an de 6. August vum selwechte Joer goufen den éischte Steen geluecht, déi feierlech Grondsteeleeung war de 13. Mee 1848 an de 9. September 1848 goufen d'Feierlechkeete vun der neier Kierch organiséiert.
Wärend zwee Joer goufe ronn 4.000 m3 Steng aus der Gemenge Carrière an der Seitert op de Chantier bruecht an do vun heemesche Handwierker gehaen. De 19. Dezember vum selwechten Joer gouf en 14 Meter héicht Eisekräiz op de Kierchtuerm gehuewen.
De 16. September 1848 war d'Seenung vun der Kierch. No der Inauguratioun goufen déi al Kierchenelementer an enger feierlecher Pressessioun an déi 'nei Kierch iwwerdroe. Am Joer 1853 gouf am Gemenge Bësch dat néidegt Holz gehaen fir d’Bänken an anere Mobilier ze maachen.
Den Holzverkaf war déi eenzeg grouss Recette vun der Sektioun Mäerzeg an esou huet et Joren gedauert bis all d'Rechnungen vun der neier Kierch bezuelt waren.
1850 goufen schwéier Bänken aus Eechenholz ugeschaaft an am Tuerm gouf eng Wendeltrap opgebaut. Dës Aarbechten sollten vum deemolege Schräiner aus dem Duerf gratis gemaach gi sinn.