Zesumme feiere mir 150 Joer vun der Gemeng Mäerzeg
Feiert eise gemeinsame Patrimoine a gitt Deel vun der Erënnerung vu Mäerzeg.Vu senge prehistoreschen Originnen bis haut feiert Mäerzeg 150 Joer als onofhängeg Gemeng.
Agenda 2025
E Joer voller Feieren fir Mäerzeg an seng 5 historesch EntitéitenMäerzeg, Geschicht an Entwécklung vum Duerf
Traditioun, Wuesstem an eng zukunftsorientéiert Visioun
Säit ëmmer besiedelt, huet de Site vum aktuellen Duerf vu Mäerzeg e puer interessant prähistoresch Iwwerreschter offréiert. Et ass bekannt, datt déi éischt Bewunner sech ronderëm 1000 v. Chr. an dëser Regioun, déi gutt fir d'Entwécklung vum Mënsch gëeegent war, tëscht den zwou wichtege Verbindgungsweeër, d'Mousel an d'Maas, néiergelooss hunn.
Spéider hunn d'Kelten sech fir e puer Joerhonnerten hei néiergelooss. Si sinn déi, déi éischt Uertsnimm vun der Regioun fest gehalen hunn.
An der Antike koum d'Duerf ënnert den Afloss vu Tréier, wat zu där Zäit eng wichteg réimesch Stad an der Regioun war.
E gewëssen “Marcius” huet seng Villa do gebaut an huet sou säin Numm dem Duerf ginn, dat spéider “Mertzig” ginn ass. Et ass awer nëmme vum IX. Joerhonnert un, datt de Numm Mertzig fir d’ éischte Kéier ernimmt gouf.
Ab dem V. Joerhonnert hunn d'Franken Europa ugegraff an d'Herrschaft nom Modell vun den Réimer organiséiert. Zum Chrëschtentum bekéiert, hu si d’Duerf ënnert d'Herrschaft vum Bistum vun Tréier gestallt.
Wärend der feudaler Zäit, déi déi nächst Joerhonnerten charakteriséiert huet, gouf Mäerzeg an d'feudal Struktur integréiert.
D'Lehnsherren, déi oft méi Afloss haten wéi d'Kierch, hunn verschidde Steiersystemer agefouert.
D'Duerf Mäerzeg konnt och net den däischtersten Zäiten aus der europäescher Geschicht entkommen, a gouf souguer am XVII. Joerhonnert vu senge wéinegen Awunner verlooss. D'XVIII. Joerhonnert, dominéiert vun den Habsburger, bréngt eng nei Ära vu Wuelstand, an et ginn industriell Aktivitéiten wéi de Steebroch.
D'Franséisch Revolutioun huet Mäerzeg, wéi vill aner Regiounen am Land, an eng nei Period vun Gewalt an Plënneren gestierzt, déi mat der "Zusammenkunft" vu Lëtzebuerg mat Frankräich op een Enn kënnt.
Ënnert der franséischer Verwaltung gouf Mäerzeg endlech eng onofhängeg Por, awer bleift nach ëmmer Deel vun der Gemeng Feelen.
Am XIX. Joerhonnert fusionéieren zwee Dierfer, déi haut Mäerzeg ausmaachen – Nidder-Mäerzeg an Uewer-Mäerzeg – an bilden déi definitiv Gemeng, wéi mir se haut kennen.
An de parlamentareschen Debatten vum 25. Mäerz 1874 huet d’Chamber d'”Scissioun” vu Mäerzeg a Feelen gestëmmt. E Gesetz vum 20. November 1874 hält fest, dass Mäerzeg vum 1. Januar 1875 un eng onofhängeg Gemeng wäert ginn.
Hautdesdaags, zielt d'Gemeng Mäerzeg ongeféier 2.400 Awunner an breet sech iwwer 1.110 Hektar aus. Traditiounsgeméiss huet Mäerzeg vu sengem Steebroch konnten, fir seng ekonomesch Entwécklung, profitéieren. Hautdesdaags huet Mäerzeg ee reelle Wuelstand, deen duerch seng konstant wuessend Populatioun an seng besonnesch ausgebreete Zone industrielle entstan ass.
Begleet vum wirtschaftleche Wuesstem, musse kulturell a sportlech Aktivitéiten gefuerdert ginn, bei der een awer eng verantwortungsvoll Handhabung vum natierleche a ökologesche Patrimoine bäibehale muss. Mäerzeg ass prett fir eng gutt Balance tëscht beruffleche Aktivitéiten an enger gesonder an agreabeler Liewensqualitéit ze schafen, an ass bereet, aktiv um 21. Joerhonnert deelzehuelen.
Déi offiziell Aweiung vum renovéierten an ëmgebauten Gemengenhaus, dat endlech fir Leit mat Aschränkungen a Familljen mat Kannerkutschen zougänglech ass, huet am November 2022 stattfonnt.