Zesumme feiere mir 150 Joer vun der Chorale Ste Cécile
Erlieft d'Geschicht vun der Chorale Ste Cécile a säin EngagementZënter senger Grënnung 1875 huet d'Chorale Sainte Cécile Mertzig mat senge Lidder a sengem Engagement verzaubert.
Agenda 2025
E Joer voller Feieren fir Mäerzeg an seng 5 historesch EntitéitenMertziger Gesangveräin, e Stéck Geschicht a Kultur vum Duerf
E Veräin, deen d’Mënschen duerch Gesang an Traditioun vereent
De "Mertziger Gesangverein" ass bäi wäitem deen eelste Veräin vum Duerf. Nodeems 1820 déi nei Kierch am Zentrum vum Duerf fäerdeg gestallt gi war, huet den deemolege Paschtouer Johann Turmes bestëmmt drop bestanen, dass och op dëser helleger Plaz d’Massen mat Gesang verschéinert ginn.
Sécherlech goufen et deemools schonn motivéiert Sänger, deenen d’Musek an de Gesang wichteg waren an sech fir de Gesang an engem Chouer begeeschtere gelooss hunn.
Leider goufe just e puer Nimm vun de Sänger aus dëser Zäit iwwerliwwert. Offiziell gegrënnt gouf de ,,Sängerbund von Mertzig 1875“ – sou d’Bezeechnung um éischte Veräinsfändel a, Joer 1875, an deem selwechte Joer, an deem d’Gemeng seng Onofhängegkeet/Autonomie kritt huet.
1939 war ee ganz besonnescht Joer fir d’Chorale, well de Mäerzeger Porkierch eng nei Uergel krut, déi d’Firma Haupt vu Lëntgen gebaut huet. Sie ass vum deemolege Organist Victor Kips, den 1932 den Emile Lanners ofgeléist hat, dësen hat vu 1921 un d’Harmonium gespillt. Ee Joer virdrun, 1938, huet de Jos. Pletschette d’Leedung vun der Chorale iwwerholl.
Am Joer 1947 ass den Anton Ruppert als neie Paschtouer an säin Amt agefouert ginn. Et war och d’Zäit an där sech d’Kierchechéier den Numm ,,Chorale Ste Cécile" zou geluecht hunn, sou och de ,,Sängerbund Mertzig". Am Joer 1958 hunn ganz verdéngschtvoll Sänger d’poopstlech Auszeechnung „Bene merenti“ oder ,,Pro Ecclesia et Pontifice" iwwerreecht kritt. Mat dëser Auszeechnung goufen Sie fir hir 50-järeg Memberschaft am Veräin an hiren Asaz am Déngscht vum Kierchegesang geéiert.
Den 31. Juli 1960 ass de 85. Gebuertsdag mat enger feierlecher Daf vum Fändel gefeiert ginn. Den ale Fändel, den wärend 85 Joer een treien Déngscht geleescht hat, awer net méi zäitgeméiss war, duerch ee neie Fändel mat der Opschrëft ,,Chorale Sainte Cécile Mertzig" ersat.
Dës war nom Entworf vum Pol Gilson vun der Firma Thill ugefäerdegt ginn. Op der enger Säit liicht a prächtege Faarwen d’Bild vun der helleger Cécile, déi aner Säit weist de neien, offizielle Wopen vun der Gemeng Mäerzeg.
Fënnefmol schon ass d’Sonndesmass aus der Mäerzeger Kierch vum Radio Lëtzebuerg iwwerdroe ginn: 1961, 1965, 1977, 1978, 1997 an am Jubiläumsjoer, den 26. Mäerz 2000 war den Erzbischof vu Lëtzebuerg präsent, wéi nach emol d’Sänger vu Mäerzeg iwwert d’Antenne vun RTL ze héiere waren.
D’Festivitéite vun der Partnerschaft hunn 1999 dozou gefouert dass d’Chorale zesummen mat de Verantwortleche vun der Gemeng, souwéi de Vertrieder vun de lokale Veräiner op Vöcklamarkt (Éisträich) gereest sinn.