Mäerzeg
feiert 2025
Mir hunn d’Chance dass am Joer 2000 déi grouss Festivitéite schéin organiséiert gi sinn. 500 Joer goufe gefeiert: d’Porkierch, de Gesank, d’Gemeng an eis Fanfare an elo 2025 hunn sech d’Jugendpompjeeë mat hire 60 Joer nach ugeschloss sou dass mir elo all zesumme 660 Joer feieren. Mir sinn immens dankbar fir déi aussergewéinlech an exemplaresch Aarbecht déi sech den Organisatiounscomité, ënnert der Präsidentschaft vum Jean-Marie Dillmann, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng deemools gemaach huet. Nieft de Festivitéiten iwwert d’ganzt Joer war et virun allem d’Editioun vum Buch „Mertzig 2000“, eng eemoleg Publikatioun iwwert d’Liewen an eiser Gemeng, d’Geschicht vu Mäerzeg, senge Gebaier, sengem Patrimoine, senge Veräiner a senge Mënschen. Mir soen dem äifregen Organisatiounscomité, den Auteuren a Fotografe villmools Merci fir hir Aarbecht.
Well d’Buch „Mertzig 2000“ zënter puer Joer vergraff ass, hu mir et am Joer 2020 professionell mat Indexéierung digitaliséiere gelooss an et steet natierlech op www.mertzig.lu zur Verfügung. Iwwerhaapt huet d’Gemeng sech déi lescht Jore mam neien Internetsite an der App eng nei digital Identitéit ginn, wou d’sozial Reseauen haut och net méi wechzedenke sinn an d’Mënsche matenee vernetzt.
D’Méiglechkeete vun der Digitalisatioun wëlle mir an Zukunft nach besser notzen an esou lancéiere mir am Gebuertsdagsjoer eise Site an enger komplett iwwerschaffter a nach méi lieweger an inklusiver Form.
Doriwwer eraus gëtt aktuell och e neie Site, www.2025.lu, programméiert. Dëse Site dréint sech komplett ronderëm d’Gebuertsdagsjoer, mee net nëmmen. Et soll eng dynamesch Participatiouns-Plattform iwwert d’Liewen an d’Geschicht vun eiser Gemeng ginn. Natierlech brauche mir do Är Hëllef a mir lancéieren heimat schonn den „Appel à témoins“ fir eis virun allem Fotosmaterial zur Verfügung ze stelle fir d’Geschicht vun eiser Gemeng, senge Veräiner a senge Leit ze dokumentéieren.
Parallel ass déi lescht Méint och scho vill Filmmaterial opgeholl ginn a wou, ënnert der Regie vum Tessy Troes vu Mäerzeg, een Dokumentarfilm iwwert eis Gemeng entsteet an um Enn vum Gebuertsdagsjoer am Kader vun enger „Séance académique“ presentéiert soll ginn.
Bis dohinner steet awer nach vill Aarbecht un. Mir freeën eis op dat wat kënnt, zielen op Är Ënnerstëtzung a Participatioun, a wënschen Iech e glécklecht a schéint neit Joer bei beschter Gesondheet. Hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit, Respekt an Toleranz, d’fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft.
Den Zesummenhalt ass wichteg an der Zäit wou mir liewen.